Ettelbrécker Jugendmusek

D’Ettelbrécker Jugendmusek ass am Abrëll 2009 enstanen, nodeems e puer motivéiert an engagéiert Museker de Nowues an der Musek fërdere wollten. Aus enger Iddi gouf ganz séier e flotten Orchester deen dee Moment 15 aktiv jonk Museker gezielt huet. Mëtt 2013 war den Orchester souguer bis op 37 Jongmusikante gewues.

D’Jugendmusek hëllt jonk Musikanten, Meedecher a Jongen am Alter vun 10-15 Joer op, déi schonn am gaange sinn en Instrument ze léieren. Zweemol am Joer huet d’Jugendmusek déi grouss Eier fir den Optakt vun de Galaconcerten vun der « grousser » Musek ze spillen. Dobäi kommen och nach vill aner flott Concerten a musikalesch Sortien. Dirigéiert gëtt d’Jugendmusek da vum Dirigent vun der « grousser » Musek.

Wann déi jonk Museker genuch Erfahrung bei der Jugendmusek gesammelt hunn, kënnt de grousse Moment wou si an der Ettelbrecker Stadmusek opgeholl ginn. Eng grouss Eier fir all jonke Musikant.

De Moment mécht d’Jugendmusek vun der Ettelbrécker Musek eng kleng Paus well vill jonk Museker de Sprong an déi “grouss” Musek gepackt hunn awer net genuch nei jonk Museker de Wee bei d’Jugendmusek fonnt hunn.
D’Ettelbrécker Musek ass am gaangen zesumme mat deenen anere Museke vun de Nordstadgemengen eng Campagne op d’Been ze stelle fir jonk Leit fir d’Musek ze begeeschteren.

Méi Informatioune fannt Dir hei.