Ettelbrécker Stadmusek

Wéi d’Philharmonie Grand-Ducale et Municipale 1852 gegrënnt ginn ass, hätt kee sech geduecht dass souwuel d’Stad Ettelbréck, wéi och d’Philharmonie, sech an deene leschten 160 Joer sou entwéckele sollten.

D’Stad Ettelbréck zur gréisster Akafsstad, an d’Philharmonie zur gréisster Museksgesellschaft am Norden.

Et muss een dem Abbé J.B. Victor Müllendorf säi Courage an Idealismus bewonneren, wéi hien dës Societéit gegrënnt huet mam Ziel: „de favoriser la musique vocale et instrumentale de tout genre“.

Méi wéi 160 Joer duerno kann ee soen, datt dëse Courage Recht behal huet.

Nodeem sech no der éischter Ulafszäit ausschliisslech op instrumental Musek konzentréiert ginn ass, erfëllt d’Philharmonie zanter hirer Grënnung bis haut déi wichteg Roll, all offiziell a reliéis Fester ze encadréieren, an ass sécher och haut wéi fréier ee wichtege kulturelle Botschafter vun der Stad Ettelbréck.

Et war de Philippe Manternach, deen 1881 mat groussem musikaleschem Talent an Enthusiasmus d’Musek geleet huet, an a senger Schaffenszäit d’Musek, awer och d’Kulturliewen an der Stad Ettelbréck geprägt huet.

1902 war et den Ierfgroussherzog Guillaume deen der Museksgesellschaft den Titel „Societé Philharmonique Grand-Ducale“ zougesprach huet.

Nom Dout vum Philippe Manternach am Joer 1910 hunn d’Aktivitéite vun der Philharmonie staark nogelooss. Sou konnt de 75. Anniversaire net gefeiert ginn.

1937, no weidere Krisen an der Gemeng, huet sech d’Museksgesellschaft gespléckt.

Sou gouf et niewent der „Philharmopnie Grand-Ducale“ eng zweet Musek, „d’Harmonie Municipale“.

Nom Krich gouf een Neiufank gesicht, a mam Numm „Philharmonie Grand-Ducale et Municipale Ettelbréck“ um Fändel, waren déi zwou Museke vereent a conciliéiert.

Ënnert dem Impuls vum President Pierre Schiltz (1946-1966) an dem onermiddleche Chef Emil Feltgen (1950-1967) ass d’Philharmonie bestänneg un Effektiv a Qualitéit gewuess.

1972, ënnert der Direktioun vum Jean-Pierre Clement, klëmmt d’Philharmonie an d’Divisioun d’Honneur, a schlussendlech am Joer 1984 ënner der Leedung vum Albert Genen (1979-2002), an d’Divisioun Nationale.

Sou zielt d’Ettelbrécker Philharmonie zu deene 4 beschte Museksgesellschaften am Land.

Ënner der Leedung vum Albert Genen konnt d’Ettelbrécker Musek 1996 dëst Resultat confirméieren, a klasséiert sech mat engem Premier Prix avec Grande Distinction als bescht Musek an dëser Kategorie.

No 2002 louch d’Leedung vun der Philharmonie Grand-Ducale et Municipale Ettelbréck an den Hänn vum Christian Kirpes (2002-2011) a vum Marco Comes (2011-2014).

Zanter September 2014 gëtt d’Direktioun assuréiert vum Rainer Serwe.