Ettelbrécker Strëpp

Wéi am Joer 1979 eisen deemolege Sous-Chef, de Schausse Jhang, an der Musek en Opruff gemaach huet fir eng éierbar Strëpp ze grënnen, du konnt hien sécher sinn, dass en op eng ganz Rëtsch Musikante kéint zielen, déi, grad sou wéi hien selwer, Loscht a Spaass haetten, fir propper a gepflegt Blosmusék, am Stil vun den Egerländer oder Oberkrainer, ze maachen. An sou war et dann och. E puer Joer hu mer gesicht fir déi richteg Besetzung ze fannen. A beemol hate mer se.

1 Es-Klarinett

4-5 Sib-Klarinetten

2 Bügel

2 Trompetten

2 Cor’ën

4-5 Euphonium/Baryton

2 Baess

1 Batterie

an natierlech ee Chef, deen onvergläichlechen Jean Schaus.

Et war SENG Strëpp, dat muss een einfach sou soen, hien huet se geprägt, geprouwt, hat d’Iddi’ën, huet alles organiséiert etc etc. An en huet ëmmer drop gehaal, dass d’Strëpp net a Konkurenz zur Ettelbrécker Musek sollt stoën, wat him, an eis, ganz wichteg war. Dovir war an ass et och d’Viraussetzung, dass keen an d’Strëpp ka kommen, deen net och aktiv an der grousser Musek matspillt.

Zanter lo 35 Joer kann d’Strëpp op eng ronn 320 Concert’ën heiheem an awer och am Ausland zréck kucken. 10 Mol konnte mer bis lo eist Kënnen am Ausland beweisen, dat bei Reesen op Watermael (B), Les Collons am Valais (CH), Weilburg , Bollendorf, Glottertal/Schwarzwald (D), Romanèche/Beaujolais (F) an St Ullrich/Süd-Tirol (I). No 31 Joer huet de Jang 2011 d’Direktioun vun der Strëpp un den Jean-Pol Meis ofgin, mee en ass awer nach ëmmer en treien a wichtege Member op der drëtter Klarinett.

Haut wéi deemools si mer nach alleguerten mat daer selwechter Begeeschterung dobäi a mir sinn ëmmer erëm frou wa mer kënnen de Public hei oder am Ausland mat eiser Musik erfréeën. Deem zegutt kënnt och, dass mer zanter 20 Joer praktesch mat daer selwechter Besetzung spillen. Do ass een op deen aner agespillt, an dat kann der Musik (an och heiansdo eisen Dommheeten) nëmme gutt doën.